Eisebunnsverwaltung // D’Lëtzebuerger Regierung

Introductioun

 

D'Europäesch Politik, waat den Transport u Land betrëfft, gouf säit dem Réimeschen Vertrag zur Grënnung vun der Europäescher Wirtschaftsgemeinschaft am Joer 1957 an der europäescher Agenda festgehalen. Déi puer Direktiven déi an der 60er Joeren adoptéiert goufen haaten keen Effet op d'Eisebunnspolitik, déi ënnert der Responsabilitéit vun den Nationalstaaten bliwwen ass.

Déi gemeinsam Verkéierspolitik wert sech réicht méi spéit am Joer 1986 mat der Introductioun vum Marché unique confirméieren.

Dës Politik huet awer an éischter Linn nëmmen en Effet op de Stroossen-, den Fluch-, an den Schëffsverkéier, vue que datt dës Sous-secteure schonns privatiséiert an doweinst vun hiren Obligatiounen vum ëffentlechen Déngscht befreit woren.

Am Laf vun der Zäit, huet d'Europäesch Kommissioun en Recul vun den Undeeler vum Eisebunnsverkéier un de Marché am Verglach zu den 70er Joeren festgestallt. D'Undeeler vun der Eisebunn am Secteur Fret sinn vun 20 % nach am Joer 1970 op 10,8 % am Joer 2008 erofgaangen. Eng ähnlech Baisse, woubäi mat manner Impakt, gouf fir den Passagéiertransport festgestallt, deem seng Undeeler vun 10,4 % nach am Joer 1970 op 6,3 % am Joer 2008 erofgoungen. Vun der Europäescher Kommissioun gouf dësen Déclin als e Problem ubetruecht an zwar aus dësen zwee Grënn:

  • éischtens ass den Zuch daat bei wäitem ökologeschst Transportmëttel,
  • zweetens kann den Eisebunnssecteur Wuesstem an Kompetitivitéit schaafen.

Fir een eenzegen Eisebunnsraum ze realiséieren, huet d'Europäesch Unioun no an no eng Rei Direktiven adoptéiert, fir dësem Negativtrend entgéintzewierken.

D'Verbindungen an den Accès op d'national Reseau'e hun sollten verbessert gin an d'Interoperabilitéit sollt favoriséiert ginn, andeems alles gemach gëtt fir d'technesch Normen an d'Règles d'exploitation technique ze harmoniséiren mam But, d'Kompetitivitéit vum Schinnenverkéier ze vergréisseren.

Fir d'Interoperabilitéit an d'Sëcherheet am Eisebunnssecteur an engem liberaliséierten Marché ze reegelen an ze kontrolléieren, wor et als noutwenneg betruecht ginn, fir eng Europäesch Eisebunnsagence an d'National Sécherheetsautoritéiten ze grënnen. Esou, ass am Joer 2009, zu Lëtzebuerg, laut dem Gesetz vum 22. Juli 2009 iwwert d'Eisebunnsécherheet, d'Administration des chemins de fer gegrënnt ginn.

No an no sinn zousätzlech Attributiounen zum Kompetenzberäich vun der  Administration des chemins de fer (ACF) dobäi komm. Hautesdags zielen 3 grouss Beräicher zum Aktivitéitsfeld vun der ACF, notamment :

  • d'Autoritéit fir d'Sécherheet vun der Eisebunn a fir d'Interoperabilitéit vun den Eisebunnssystemer ;
  • d'onofhängeg Allocatioun vun den Capacitéiten vun der Eisebunnsinfrastruktur an d'Tarificatioun vun der Eisebunnsinfrastruktur (Sillons) ;
  • d'Autoritéit fir d'Sécherheet vum Tram.